




Den Zinglabumm, um Wee an dat digitaalt Zäitalter!
Den Zinglabumm ass net méi aus de Familljen, de Schoulen, de Crèchen an de Maisons-Relaisen, ewechzedenken. Scho vill Kanner an Erwuessener hu mat Freed déi traditionell an déi nei Lidder aus den Zinglabumme matgesongen.
Wéinst där grousser Nofro vun den Elteren, de Grousselteren, dem Schoulpersonal an den Educateuren, huet den INECC (Institut Européen de Chant Choral) zesumme mam Zinglabumm-Team decidéiert, nei «digital» Weeër ze goen, an esou eis wäertvoll musikalesch
an textlech Kulturgidder z’erhalen.
Aus Zinglabumm gëtt elo Zinglibook!
An anere Wierder, mir notzen d’Méiglechkeete vun der moderner, digitaler Technik an hunn eis Lidder, Spréchelcher an Dänz mat den Texter, den Nouten, de Filmercher an de Playbacken als e-Book erausbruecht an dat gläich an 2 verschiddene Bänn:
Zinglibook I & II: zwou Compilatiounen aus de 6 Zinglabumme ronderëm d’Themen «Natur & Ëmwelt».

Entdeckt a kaaft se am iBooks Store fir
iOS an op Google Play fir Android* (12,99€).
*Um Android ginn an der Karaoke-Versioun d’Wierder beim Ofspillen net faarweg markéiert.
Wat ass an de Bicher?
Iwwer 50 lëtzebuerger Kannerlidder, Spréchelcher, Dänz, Karaoke, Nouten a kleng Filmercher ronderëm d’Themen Natur an Ëmwelt mat Toun a Video!Zinglibook - Natur an Ëmwelt Band 1
Eis Haus an Haffdéieren
Wie weess dat? (Katz)
Bingo (Hond)
Kanéngercher
E Schwäin mécht Regime
De Kikeriki
Zwi zwa zwott
E klenge Spatz
Spatzen am Schnéi
Sou maachen d’Déieren
Eis Bëschdéieren
Mir ginn an de Bësch
Et wor emol een Hieschen
Fiissche, Fiisschen
D’Eil
Am Wanterschlof
De Gromperekinnek
An dem Bësch do steet een Haus
Eis Waasserdéieren
De Fräschelchen
De grénge Krokodil
D’Melusina an hir Hausdéieren
Eis Krabbeldéieren
Déi faarweg Raup Kati
De Froossepitti
Léiwe klenge Päiperlek
Meng Quetsch
Wat krabbelt hei?
D’Spann
Gesond Iessen
Mäi Brout
Molbier
Vun de Vitaminnen
Faarwe vun dobaussen
Zinglibook - Natur an Ëmwelt Band 2
Eiser Ëmwelt zu Léift
Eis beschte Stuff
Wouhi mam Offall?
D’Déierchen
Manner Offall
De Pabeier-Rap
Bastelen vu Museksinstrumenter aus Offall
Eis Superdreckskëscht
D’Fréijoer
D’Fréijoer
D’Beien an d’Blummen
D’Réidercher
Am Gaart
De Summer
Am Karschnatz
Kiischtefest am Bongert
Den Trakter Tuketuk
Vakanz doheem
Den Hierscht
Wiederfräsch
De Wand
Naass Blieder
Op der Musel
Ech klammen op de Bam
Champignonen
Den Hierscht ass do
Mäin Draach
Den Apel
Blieder am Hierscht
De Wanter
Et reent
Vum Beemchen, deen aner Blieder wollt hunn
D’Faarf vum Schnéi
Am Wanter
E Männche kënnt aus dem Dännebësch
An nach Eent
Eene meene Schnickschnack
Presentatiounsvideo
Wien ass IN.E.C.C. Luxembourg?
Institut Européen de Chant ChoralD’Aarbecht vum INECC baséiert op 3 Grondprinzipien:
- Sensibiliséierung: Duerch fest definéiert, zäitlech begrenzte Projeten, Atelieren iwwer Weekender,… erreeche mer potentiell Interessenten vun allen Altersgruppen.
Déi verschiddenst sozial Schichte ginn ugesprach an ageluede matzemaachen.
Dës Projeten fannen ëmmer an der Zesummenaarbecht mat Institutiounen, Schoulen, Veräiner asw. statt. - Formatioun: Praxisbezunnen Atelieren (ëmmer iwwer 3 bis 4 Méint) bidden d’Méiglechkeet, sech weider ze forméieren, sech als Chouer- an Ensemble-Sänger, oder als Chouerdirigent ausbilden ze loossen.
An der Zesummenaarbecht mat de verantwortlechen Instanzen, gëtt dat néidegt Aarbechtsmaterial fir Schoulen entwéckelt a realiséiert. - Professionaliséierung: Fir Projeten ze realiséieren, déi ee musikalesch héijen Usproch hunn a vu professionellen Chouer- an Orchesterdirigente geleet ginn, gi systematesch experimentéiert Sängerinnen a Sänger engagéiert, déi zesumme mat professionelle Sänger a Museker optrieden.
Den INECC steet souwuel Amateur- wéi och Profi-Sänger berodend zur Säit.
Den INECC begleet an ënnerstëtzt hire musikalesche Wee, a vermëttelt tëschent den eenzelen Kulturträger hei am Land, an iwwer d’Grenze eraus.
Sponsors




(c) 2017 INECC Lëtzebuerg a seng Equipe vum Zinglabumm-Team.
2 rue Sosthène Weis • L-2722 Luxembourg • Tél.: 26 430 481 • info@inecc.lu • www.inecc.lu